Troublemaker

Troublemaker 1988

5.00

Den Chuck sëtzt zënter enger Zäit am Prisong. Do geréit hien duerch Zoufall un de Jacques, dee sech selwer gären als Johnny Chicago ausgëtt. Nodeem se sech zerklappt hunn, gi se Frënn an dreemen zesumme vun Amerika. Weder d’Jenny, dem Johnny seng Frëndin (wat sech an den Chuck verléift), nach hiren Affekot Konrad, kréien déi zwee Troublemaker gebremst.

1988

De falschen Hond

De falschen Hond 1989

1

De Film spillt op der Musel, kuerz no der Belscher Revolutioun. Vill Leit zu Lëtzebuerg sinn es der hollännescher Herrschaft sat a wëlle Belsch ginn. De Gemengesekretär awer wiert sech dergéint: Hie wëll Lëtzebuerger bleiwen, oder villméi: ginn. D'Leit am Duerf verstinn en net, si gesinn hien als Verréider...

1989

Onbemannt Missioun

Onbemannt Missioun 2015

1

D’Gallabu 4 ass op enger Missioun fir de Planéit2 auszebeuten an a Besëtz ze huelen. Mä kuerz nodeems d’Raumschëff d’Ëmlafbunn vu P2 erreecht huet, brécht am Kontrollraum Panik aus: Et ka kee Kontakt méi zu den Astronauten hiergestallt ginn… Wäert d’Missioun geléngen? Wien huet d’Kontroll? A wou bleiwt dem Chef säi Kaffi? Fannt et raus an deem spannensten a progressivste Sci-Fi, dee je zu Reisdorf gedréit gouf!

2015